• Print Friendly


Generalversammlung vun der Regional Süden

Léiwe Member aus der Regional-Süden,

Heimatter invitéieren mär dech op eng interessant Visite vum Site „Friche de Micheville“ op der franséischer Säit, direkt vis-à-vis vum Projet Belval, an zwar op den Tracé vun der geplangter Autobunn „Liaison de Micheville“. Eisen Expert am Naturschutz, den SCHAULS Rosch, geet bei dëser Visite op déi besonnesch Fauna an Flora an, an mär ënnersichen wéi eng Aktiounsméiglechkeeten et gëtt fir néideg Schutzmoossnamen duerchzesetzen.

1. Deel: Visite „Friche de Micheville“

RV ass um 18h op der Gare Belval-Université wou mär mat e puer Autoen op den Site fueren

2. Deel: Generalversammlung Regional-Süden

RV ass um 19h30 am Restaurant „Pavillon“ zu Esch um Galgenbierg (och an 10min vun der Escher Gare ze ereechen, iwwert die nei Passerelle)

3. Deel: Gemeinsamt Iessen

géint 20h30 am Restaurant „Pavillon“ (Label „Couvert“)

Wéinst der Organisatioun vun der Visite wär ët flott wann där iech um Telefon gifft unmëllen. Och fir mat iessen ze goen ass eng Unmëldung gewënscht.

43 90 30 – 1

Infoen zum ëffentlechen Transport: www.mobiliteit.lu. Mäer kennen vun do aus och Fahrgemeinschaften machen, a secherstellen, datt een no dem Tour erem zereck op d’Guar kënnt