• Print Friendly


Generalversammlung Regional „Nordstad“

De Comité vun der „Regional Nordstad“ vum Mouvement Écologique invitéiert op hier Generalversammlung Regional „Nordstad“

Méindes, de 12.  Mäerz 2018 um 19.30 Auer

am Restaurant „Äppel a Biren“ 1, route d’Ettelbruck zu Angelduerf

Dagesuerdnung:

  • Generalversammlung :
    • Aktivitéitsrapport 2017
    • Rapport vum Keessier
    • Neiwiel vum Comité*
  • Diskussioun iwwert d’Entwécklung vun der Nordstad-Regioun

Well am Oktober Chamberwale sinn, wëlle mir mat eise Membere kucken, wéi eng Theme mir sollen am Virfeld an d’Diskussioun brengen.

  • Wéi kann déi national Politik hëllefen, datt an der Nordstad eng nohalteg harmonesch Entwecklung stattfënnt?
    (Wunnungsbau, Verkéier, Naturschutz, regional Zesummenaarbecht, Aarbechtsplazen, Liewensqualitéit, …)
  • An a wéi enger Form sollen eis Iwwerleeungen durgestallt ginn?
    (Dépliant toute-boite, Aktiounen, Table ronde, …).

 

*Memberen déi am Comité matschaffe wëllen, kënnen sech beim Laure Simon (Handy: 691 804082, Mail: laure.simon@pt.lu) mellen.

 

(Well d’Kiche vum Restaurant deen Owend zou ass, kënne mer leider net do iessen.)

 

Am Comité:

Mariette Braconnier; Véronique Mathay; Laure Simon-Becker, Präsidentin; Jo Spielmann; Lou Steichen; Jean-Paul Zeimes, Caissier.