• Print Friendly


Frësch Loft fir eng méi demokratesch Gesellschaft?!

Eng breet Biergerbedeelegung, Opwäertung vun der Chamber, manner Afloss fir Lobbien an Eenzelinteressen…: wou sti mer, wuer wëlle mer hin?

Dënschden, de 27. Mäerz 2018, um 20.00 am Oekozenter Pafendall 6, rue Vauban am Pafendall

Dës Regierung ass mat dem Usproch ugetrueden, fir neie Wand an d’demokratesch Gestaltung vum Land ze bréngen. D’Aschätzung op dat gelongen ass, ass sécherlech ënnerschiddlech. Déi eng mengen et hätt sech eppes gedoen, anerer awer soen éischter: mir hätten eis vill méi erwaart.

Wouhier kënnt déi ënnerschiddlech Aschätzung? Gi Leit méi eescht geholl? Wat ass d‘Roll vu verschiddene Lobby-Gruppen? Wat hu Parteien / Deputéiert iwwerhaapt nach ze soen? Iwwerhëlt d’Chamber nach hire Rôle? Wat ass d’Roll vun de Medien? Ginn ONGen eescht geholl, ass e Gehéier fir gesellschaftlechen Engagement? Wéi kann ee politesch Kultur beliewen?

Firwat zéckt och dës Regierung z.B. esou eppes “harmloses”, wéi e gudden Zougang zu Informatioune fir d’Leit ze gewährleeschten…

An engem liewege Forum, wou jiddereen seng Meenung soe kann, wëlle mir eis iwwert esou grondsätzlech Froen vun der Demokratiegestaltung aus eisem Land austauschen: jiddereen ass wëllkomm! Als „einfache Bierger“; als Aktiven an der Politik, enger Organisatioun, als Journalist, als Jugendlechen, dee méi Geheier wëll fannen….

Um Ufank vum Forum wäerten 4 Leit aus hirem Bléckwénkel kuerz hier Siicht als Input fir den Owend duerleeën. Ageluede sinn: Alex Bodry, Deputéierten; Raymond Klein, Journalist; Renée Wagener, Historikerin; Laura Zuccoli, Presidentin ASTI. No dësem Input, soll et eng lieweg Diskussioun mat alle Leit sinn.

Merci datt dir laanscht kommt!

Firwat dës Foren? De Mouvement Ecologique schafft am Ablack u senge Virschléi fir d’Nationalwalen. Vill vun de Fuerderunge vun de leschte Jore behalen hier Gültegkeet, anerer ginn an Aarbechtsgruppe geschwat. Ma vill vun eis interesséiert net onbedéngt eng eenzel Fuerderung, esou wichteg se och ass. Et geet jo och em grondsätzlech Froen, wou mir a verschiddene Beräicher stinn a wuer mer wëlle goen. Firwat komme mir grondsätzlech a bestëmmte gesellschaftleche Froen net weider? D’Resultat vun esou engem Diskussiounsforum kann a konkret Fuerderungen afléissen, awer vläicht entstinn och aner Iddien…