Nachhaltige Entwicklung
  • Print Friendly


Flotten Trëppeltour „Giewelsmillen-Kautebach“ – Natur erliewen an iwwert Vëlospist schwätzen

De Mouvement Ecologique a seng Regional Nordstad lueden häerzlech an op en

 

Flotten Trëppeltour „Giewelsmillen-Kautebach“ – Natur erliewen an iwwert Vëlospist schwätzen

 

Donneschden, de 9. Mee 2024

 

Ulooss ass de Projet fir e Vëloswee vun der Giewelsmillen op Kautebach ze bauen. Dësen Ofschnëtt feelt nach fir datt d’Vennbahn (Vëloswee vun Oochen op Ëlwen) un d’lëtzebuerger Vëlosnetz ugeschloss ka ginn. Dëst ass och aus der Sicht vum Mouvement Ecologique en Zil.

Mee déi lo proposéiert Variant féiert mat groussem Opwand duerch eent vun de leschten Däller vu Lëtzebuerg, wou nach keen Macadamteppech ass. Geplangt si 4 Passerellen op kuerzer Distanz am enken Dall, wou bis elo just eng Zuchstreck mat Tunnellen ass.

Wärend dem Trëppeltour kënnt Dir nieft dem Genéisse vun der schéiner Landschaft och de wäertvollen Erklärunge vun engem Biolog nolauschteren. Des Weideren diskutéiere mir och iwwert méiglech alternativ Variante vun dëser Vëlospist.

 

Treffpunkt: 9.30 Auer Gare Goebelsmühle (Zuch: Luxembourg 8.44 Auer, Ettelbrück 9.15 Auer)

 

Optioun: Mëttegiessen um Camping ze Kautebach. Mëllt Iech wgl. heifir un op meco@oeko.lu, datt mir en Dësch reservéiere kënnen.

 

 

 

 

 

 

 

27.03.2024