Umweltpolitik
  • Print Friendly


Fërderung vu Liewesmëttel aus der Regioun duerch en neien Zertifizéierungs- a Qualitéitssystem – Eng absolut Noutwendegkeet – mee grondsätzlech Nobesserunge um Gesetzesprojet musse gemaach ginn!

Gemeinsam Stellungnam vun „Landjugend a Jongbaueren“ an dem Mouvement Ecologique

 

Begréisst gëtt, datt e neie Lëtzebuerger Zertifizéierungs- a Qualitéitssystem fir Liewensmëttel agefouert gëtt. D’Orientéierung vum Gesetzesprojet wéi en elo ass, ass awer problematesch, well en déi zukunftsorientéiert Landwirtschaft net ënnerstëtzt an zeguer absolut ierféierend ass fir de Verbraucher.

Déifgréifend Reformen um Projet sinn néideg, An der gemeinsamer Stellungnam analyséieren d’Organisatiounen de Projet an ënnerbreede konkret Verbesserungsproposen…

Déi ausféierlech illustréiert Broschür, déi och verständlech ass fir Leit wou sech net am Thema auskennen, Résumé als Communiqué an de Fazit vun der Analys fannt Dir an den Downloads.