• Print Friendly


Extra Opféierung fir Memberen vum Meco vum aktuellen Programm «Gëff dech!» vun de Makadammen

Download(s)

De Mouvement Ecologique ass frou fir d’Chreschtfeier 2009 d’Makadammen mat hiirem neie Programm gewonnen ze hunn.

 

Den neie Programm «Gëff dech!» an enger Extra Opféierung fir Memberen vum Mouvement Ecologique – mat Kéisplateau an engem gudde Patt Wein

 

Samschdes, den 19. Dezember 2009 um 19.30
am Kulturzenter zu Holzem (Mamer)

D’Makadammen beschreiwen hiire Programm esou: «Si mir gëfteg, well mir net alles gleewen, wat an de Stäre steet? Wann et Moud wier, datt d’Männer och nees Jüppe géifen droen, an eng Vuittonsposch als kloert Zeeche géif gëllen, datt d’Kris een net erwëscht huet? Wann e Komplott derhannert stéich, wann d’Buschstawen op eemol sou kleng ginn, datt ee se net méi liese kann? Dann duerf ee sech dach eemol an d’Welt vun de Schlager zréckzéien – do wou nach alles vum Häerz kënnt. Oder net? A wat ass dann den Ënnerscheed, ob ee säi «Personal Trainer» komme léist, oder seng trei Clientèle laanscht der Strooss empfänkt. A wann een da mol grouss Botz a sengem Liewe mécht, a feststellt, datt ee mat der moderner Erzéiung d’Rechnung ouni de Wiert gemaach huet. Da kritt ee Stress, well ee säin Terrain net richteg markéiert huet. An do solls de dann net gëfteg ginn?»

D’Makadammen (Thea Engel, Susy Lentz, Monique Mille, Maggy Molitor) spillen ënnert der Regie vum Conny Scheel, Texter vum Roland Gelhausen, Josiane Kartheiser a Maggy Molitor. D’Musek ass vum Netty Glesener, d’Kostümer vum Yvette Engel, d’Plakat an d’Bühn vum Arny Schmit an d’Beliichtung vun «on Stage Light».

  

Fir de ganzen Owend besonnech geselleg ze maachen, wäerte kleng (Bio-)Kéisplateauen ugebuede ginn. De Präiss ass 25 Euro all inklusive (Kéisplateau a Gedrénks).

Umelle muss ee sech um 439030-1, meco@oeko.lu, bis spéitstens den 17.12.2009 … an déi eischt si viir.