• Print Friendly


En/eng Responsabel fir Aktivitéiten mat Jonken a fir Jonker (m/w 32-40 Stonnen)

Download(s)

De Jonken gehéiert d’Zukunft, déi si aktiv matgestalte kënne sollen, e.a. och duerch d’Matwierken an Engagement an enger Ëmweltorganisatioun.

Duerfir sicht de Mouvement Ecologique en/eng Responsabel fir Aktivitéiten mat Jonken a fir Jonker (m/w 32-40 Stonnen)

Dir hutt

– Interessi un Themen vun nohalteger Entwécklung

– Loscht um Schaffe mat Jonken

– Fähegkeet am Team ze schaffen, Gruppen ze animéieren an ze motivéieren

– Gutt organisatoresch a redaktionnell Fähegkeeten

– Sproochen: lëtzebuergesch, däitsch a franséisch

Engagement, Talent fir mat Jonken zesummen aktiv a kreativ ze ginn ass entscheedend fir dës Plaz. Si steet duerfir op, esouwuel fir en dynameschen jonke Mënsch bis hin zu engem ausgebilten Erzéier.

Gitt weg Äer Kandidatur mat enger Motivatioun eran bis den 8. Juli 2015 un:

Mouvement Ecologique,

6, rue Vauban,

L-2663 Luxembourg,

meco@oeko.lu