• Print Friendly


En After-Work Patt am Oekosoph

No der Schaff geet et an den Oekosoph… Kommt laanscht,  niewent de klenge bio a vegane Platen – hu mir déi folgenden Extraen déi nächst Zäit: haut Mëttwoch, 25. Mee vegetaresche Couscous, den 1. Juni leckeren Chili con carne a nees Sproochecafé….

Mierkt Iech och schonn de Mëttwoch den 22. Juni, den Virowend vu Nationalfeierdag, vir: Extra Ham an gebootschte Gromperen mat Zalot (natierlech och veggie Menü!), Live-Pianomusek … an e Bléck op d’Freedefeier aus dem Pafendall erop. Nei Öffnungszäiten vum Oekosoph: Mëttwochs a Freides vun 17.00  bis mindestens 23.00 Auer.