Naturschutz Land- und Forstwirtschaft
  • Print Friendly


Ëmstriddene Festriedner bei der 30-Joer Feier vun der Bauerenallianz : de Mouvement Ecologique wäert net deelhuelen !

D’Bauerenallianz huet fir hier 30-Joer Feier den däitschen Agrarminister Christian Schmidt agelueden. De Christian Schmidt huet rezent duerch säi Vote op EU-Niveau – deen hie géint d’Mandat vu senger Regierung gemaach huet – d’Verlängerung vun der Zouloossung vum Glyphosat duerchgesat!

E falscht Signal fir eng zukunftsfäeg Landwirtschaft an och fir demokratesch funktionéierend Länner, esou de Mouvement Ecologique.

De Mouvement Ecologique huet der Bauerenallianz an engem offizielle Schreiwes seng Argumenter géint dës héchst problematesch Decisioun duergeluecht a wäert duerfir och net un der Feier deelhuelen.