• Print Friendly


E satiresche Réckbléck op de Mount Mäerz

Eng kabarettistesch Liesung  mam Rol Gelhausen a mam Jay Schiltz 

Mëttwoch, 1. Abrëll 2015 um 19:30

Freiden, 3. Abrëll 2015 um 19:30 (de selwechte Programm)

am Bistro vum Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, Lëtzebuerg

An de vergaangene Méint hat de Mouvement Ecologique regelméisseg op kabarettistesch Liesunge mam Roland Gelhausen resp. mam Jay Schiltz invitéiert.

Elo am Abrëll ass et esou weit: Dës Kéier wäerte si zesummen op hier eegen, satiresch an ironesch Aart a Weis kommentéieren, wéi si all Dag vum viereschte Mount erlieft hunn.

Dobäi hu si natierlech hire spezielle Bléck op d’Politik an d’Gesellschaft.

D’Liesung wäert eng Kéier mat vegetaresche Leckerein als Fingerfood vun der Kachequipe «Veggie-Table» ugebuede ginn an eng Kéier ouni.

Entrée 1. Abrëll: ouni Bio-Fingerfood, 15 € .

Entrée 3. Abrëll: mat Fingerfood, 20.- € fir Memberen an 25.-€ fir Net-Memberen.

Bezuelt gëtt an der Oweskeess.

Well nëmmen eng begrenzten Zuel vu Leit méiglech ass a wéinst dem Fingerfood, ass eng Umeldung iwwer meco@oeko.lu oder Tel. 439030-1 noutwendeg.

Déi éischt si vir!