• Print Friendly


Diversitéit vun Notzdéiererassen erhalen

mat Spezial-Menü, Donneschden, de 25. Januar 2018 ab 19.00 am Oekosoph

Am neie Joer wëlle mir heiansdo Donneschdes extra Owender am Oekosoph ubidden… Mat Musék, extra Platen, ganz kuerze “Virträg”….

Mir si frou Iech op en éischten esou een Owend alueden ze kënnen, an zwar de 25. Januar 2018 ab 19.00 Auer.

De Motto vum Owend ass:

Diversitéit vun Notzdéiererassen erhalen!
Wéi sinn se entstanen, hier Bedeitung fir d’Landwirtschaft vu muer !

De Roger Schauls, Biolog, wäert an 2 kuerzen Interventiounen vun ongeféier 15 Minutten déi erstaunlech Diversitéit vun den alen Notzdéierenzorte virstellen: wéi sinn se entstanen, wat ass hir Bedeitung an enger landwirtschaftlecher Produktioun vu muer, am Respekt vum Déiereschutz.

De Lou Steichen vum Restaurant Äppel a Biren wäert eis e besonnesch leckere Plat vun esou engem alen Hausdéier preparéieren: “Côtes de porc Grand Mère” vum «Bunten Bentheimer Landschwein» mat 3 Zorte Püree an als Entrée eng Zopp vun ale Gemeis-Zorten. E Plat, deen een hautdesdaags net méi esou oft gebuede kritt.

Natierlech gëtt och e gudde vegetaresche Plat gebueden!

Den Owend (Menü a Virträg) kaschten 28 Euro.

 

Dir musst Iech onbedéngt umellen an zwar bis Méindes, den 22. Januar 2018 via Gréngen Telefon: 439030-1 oder email: meco@oeko.lu