• Print Friendly


Disco soup fir eng nohalteg Landwirtschaft

D’Plattform Meng Landwirtschaft, an däer de Mouvement Ecologique och aktive Member ass, invitéiert häerzlech op hir Disco Soup ënnert dem Motto ‘good food, good farming’.

Samschdes, de 27. Oktober vun 10.00 bis 14.00 Auer an der Rue de la Reine tëscht dem Knuedler an dem Palais.

Schnibbelt a kacht mat eis fir eng gesond, fair an nohalteg Agrarpolitik an Europa fir d’Produzenten, d’Konsumenten, d’Déieren an d’Ëmwelt.