• Print Friendly


Dir sicht nach eng originell Geschenkiddi fir d’Feierdeeg?

Laang Joren hunn de Mouvement Ecologique an den Oekozenter Pafendall d’Aktioun „Kënschtler fir d‘Ëmwelt“ duerchgefouert. Dobäi hu Kënschtler besonnesch attraktiv Seriegraphië fir eis Aktivitéiten zur Verfügung gestallt. E puer wéineger si nach am Stock. Profitéiert vun der Geleeënheet, elo nach en exklusiivt Konschtwierk vun engem vun de renomméierte Lëtzebuerger Kënschtler*innen Adolphe Deville, Joseph Grosbusch (1928-2008), Anne Weyer, Rolf Ball, Roland Schauls, Charly Reinertz, Gast Michels (1954-2013) an Isabelle Lutz ze kafen.

All Serigraphien (och d’Radierung vum Isabelle Lutz), kritt Dir bis Chrëschtdag zum exklusive Memberspräis vun 150,-€.

D’Serigraphië kënnen néck verschéckt ginn, mä musst der an den Oekozenter am Pafendall (6, rue Vauban, L-2663 Lëtzebuerg) siche kommen. Eis Büroe sënn op vu Méindes bis Donneschdes 08:00-12:00 Auer / 14:00-17:00 Auer. Freides ass just Moies vun 08:00-12:00 Auer op.

 

Léiwer e Buch wéi e Bild? D’Cartoon-Sammlung “Branded Nation“ vum Mouvement Ecologique a CartoonArt asbl, wat 80 humoristesch a satiresch Bäiträg vun 20 Zeechner zum Thema „Branded Nation“ ëmfaasst, kënnt Dir elo zum super Präis vu 15,- Euro kafen. An dësem ureegende Buch fannt Dir eng grouss Vilfalt vun Zeechegenre, gepräägt duerch Kreativitéit vun de Kënschtler. Lëschteg, alt sarkastesch oder optimistesch stelle si fir, wéi si Lëtzebuerg vun haut a muer gesinn, a wat si ënnert „branded nation“ verstinn.

Klickt hei a bestellt elo Äert Bild oder Buch an eisem online Shop