• Print Friendly


D’Generalversammlung – de Kongress 2019 vum Mouvement Ecologique

e Samschden, 23. Mäerz 2019 vu 14.15 – 18.30 Auer am Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, Luxembourg

Nieft dem statutareschen Deel vum Kongress – Aktivitéitsbericht, Finanzrapport, Neiwiel vum Verwaltungsrot – steet ee vun de wichtegsten Zukunftsdossieren aus ekologëscher Siicht un: Den Erhalt vun der Biodiversitéit

Och wann Dir am Laf vum Joer vläicht net u Projete vum Mouvement Ecologique deelhuelt: Eemol d’Joer ass et besonnesch wichteg ze weisen, datt Dir hannert «Ärer» Organisatioun stitt. Dës Solidaritéit ass fir eis als Organisatioun immens wichteg an hëlleft och onse Fuerderunge bei der Politik an an der Ëffentlechkeet de néidegen Nodrock ze ginn. A grad an engem Joer, wou mäer op eise 50. zeréck an och no fir kucken, ass dat dësto méi wichteg. Duefir: De Kongress ass vill méi wéi nëmmen eng Formalitéit: w.e.g. kommt laanscht! An ausserdeem: se ass ëmmer eng Geleeënheet fir e flotten Austausch mat anere Leit, ureegend
Diskussiounen an enger produktiver Atmosphäre ze hunn.

1. Deel vum Kongress: Statutareschen Deel

  • D’Wuert vun der Presidentin : 50 Joer: kuerzen Réck- an Ausbléck
  • De Bilan a Biller vun den Aktivitéiten am Joer 2018, mat engem Ausbléck an d’Zukunft vu

* Mouvement Ecologique a move.
* Oekozenter Pafendall
* Stëftung Oekofonds
* Klima-Bündnis Lëtzebuerg

  • Finanzrapport vum Tresorier a vun de Revisoren – Décharge
  • Décharge vum Verwaltungsrot
  • Neiwiel vun de Membere vum Verwaltungsrot a vun de Keese-Revisoren. Kandidature fir de Verwaltungsrot solle w.e.g. schrëftlech bis de 19. Mäerz beim
    Mouvement Ecologique (meco@oeko.lu) eragereecht ginn.
  • Fräi Aussprooch
  • Motioune vum Verwaltungsrot oder vun engem Member, deen eng Propose eraginn huet, ginn esou wäit wéi méiglech am Virfeld op der Homepage www.meco.lu ugekënnegt. Virschléi fir Motioune w.e.g. bis den 19. Mäerz wa méiglech schrëftlech beim Mouvement Ecologique erareechen (meco@oeko.lu, Tel. 439030-1).

Bréngt Är Memberskaart w.e.g. mat op d’Generalversammlung!

 

2. Deel vum Kongress: “Wann d’Léierchen net méi séngt” – Wat maache géint de Verloscht u Biodiversitéit?“

D’Klimaverännerungen sinn „à la une“, déi Jonk ginn derwéinst op d’Stroooss. An dat ass gutt an immens wichteg! Mee: do dernieft gëtt et en net manner groussen Challenge vun eiser Gesellschaft: den dramatesche Verloscht vun Aarten, natierleche Liewensreim an domat der Biodiversitéit. Wéi D’Klimaverännerung och, geschitt dat schläichend. Duerfir brauch et wuel och Zäit, bis et an d’Bewosstsäin vun eis all réckelt. D’Verschwanne vun ëmmer méi Insektenaarten ass elo wuel all méi kloer gin, mee deen Réckgang gëllt och z.B. fir eng ganz Rei vu Vullenaarten an aner Aarte méi. Eis Kulturlandschaften veraarmen ëmmer méi ënnert dem Afloss vum Iwwerliewensdrock andeem eis Landwirtschaft steet, der ongebremster Urbaniséierung… Als Mouvement musse mir eis dëser Erausfuerderungen verstäerkt unhuelen!

Wat ass d’Situatioun zu Lëtzebuerg? Wou leien d’Ursaachen fir déi alarméierend Entwécklung? Wat muss geschéien z.B. an der Naturschutzpolitik selwer, an der Landesplanung, um Niveau vun der Landwirtschaft (och um Niveau EU)?
Wat ass de Roll vun der Politik, enger Gesellschaft, ONGen an dem Eenzelen? Dat wëlle mir um Kongress mat Iech beschwätzen. Den Thema Biodiversitéit soll den zentralen Thema an den nächste Joren vum Mouvement Ecologique ginn: mir sinn eiser Verantwortung fir déi nächst Generatiounen an eis natierlech Ëmwelt dat schëllech!
Duerfir: kommt laanscht an diskutéiert mat!

No enger Aféierung an der Gespréichsronn gëtt et zum Ofschloss en Eierewäin / -jus.

Merci, datt Dir op d’Generalversammlung kommt!

Flotten Owend nom Kongress… e gemittlecht Iessen am Oekosoph

Den Oekosoph ass den 23. Mäerz nach net offiziell erëm op. Mee: mir kréien awer vum neie Wiert Lou Steichen extra fir eis deen Owend gekacht. Vläicht ass nach net alles ganz opgeraumt, ma dat ass jo net schlëmm. Da kommt Iech vertraut maachen mat der neier Kichen….
Um Menü steet:
Entrée:
Geméis-Zopp
Buffet:
Zaloten, vegetaresche Couscous, indesche Curry (mat an ouni Fleesch), Kniddelen, italienesche Wëldragout mat Spaetzle
Dessert:
Crème brûlée
Präis: 29.- Euro

Mellt Iech w.e.g. u fir d’Iessen bis spéitstens e Mëttwoch, den 20. Mäerz ëm 12.00 Auer, per E-mail : meco@oeko.lu oder Gréngen Telefon 439030-1.