• Print Friendly


D’Generalversammlung – de Kongress 2016 vum Mouvement Ecologique

e Samschden, 19. Mäerz 2016 vu 14.15 – 18.30 Auer am Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, Luxembourg

Nieft dem statutareschen Deel vum Kongress – Aktivitéitsbericht, Finanzrapport, Neiwiel vum Verwaltungsrot – steet virun allem d’Thema «1 Millioun Awunner Staat?» – «Wéi eng Entwécklung fir eist Land?» am Virdergrond.

kongress11

kongress6

 

 

 

 

 

 

 

 

Och wann Dir am Laf vum Joer vläicht net u Projete vum Mouvement Ecologique deelhuelt: Eemol d’Joer bitt sech besonnesch d’Geleeënheet ze weisen, datt Dir hannert «Ärer» Organisatioun stitt. Dës Solidaritéit ass immens wichteg an hëlleft och onse Fuerderunge bei der Politik an an der Ëffentlechkeet
deen néidegen Nodrock ze ginn.

Et ass vill méi wéi nëmmen eng Formalitéit. Duerfir: w.e.g. kommt op d’Generalversammlung! An ausserdeem: se ass ëmmer eng Geleeënheet fir e flotten Austausch mat anere Leit, ureegend Diskussiounen an enger produktiver Atmosphäre ze hunn.

 

1. Deel vum Kongress: Statutareschen Deel

  • Begréissung duerch den Emile Espen, President Regional Stad Letzebuerg  D’Wuert vun der Presidentin
  • De Bilan a Biller vun den Aktivitéiten am Joer 2015, mat engem Ausbléck an d’Zukunft vu
    * Mouvement Ecologique
    * Oekozenter Pafendall
    * Stëftung Oekofonds
    * Klima-Bündnis Lëtzebuerg
  • move – de Jugendgrupp stellt sech a seng Aktivitéite fir
  • Finanzrapport vum Trésorier a vun de Revisoren – Décharge
  • Décharge vum Verwaltungsrot
  • Neiwiel vun de Membere vum Verwaltungsrot resp. vun de Keese-Revisoren Kandidature fir de Verwaltungsrot solle w.e.g. schrëftlech bis den 12. Mäerz beim Mouvement Ecologique (meco@oeko.lu) eragereecht ginn.
  • Fräi Aussprooch

Motioune vum Verwaltungsrot oder vun engem Member, deen eng Propose eraginn huet, ginn esou wäit wéi méiglech am Virfeld op der Homepage www.meco.lu ugekënnegt. Virschléi fir Motioune w.e.g. bis de 12. Mäerz wa méiglech schrëftlech beim Mouvement Ecologique erareechen (meco@oeko.lu, Tel. 439030-1).

Bréngt Äer Memberskaart w.e.g. mat op d’Generalversammlung.

 

Neuntöter (26)

ttip nei 2

 

 

 

 

 

 

 

 

2. Deel vum Kongress: Um Wee zum 1 Mio-Awunner Staat? Wéi eng Entwécklung fir eist Land?

Mäer si bal an der Halschent vun der Legislaturperiod ukomm: an ëmmer méi schielt sech eraus, datt och ënnert dëser Regierung bis elo déi grondsätzlech Froen iwwert d’Entwécklung vum Land nach net offe genuch diskutéiert an ugaange ginn.

  • Wëlle mäer wierklech deen 1 Milliounen Awunnerstaat, wéi en elo an der Diskussioun ass? Musse mer net endlech d’Fro vum “Wuesstemszwang” ugoen?
  • Wéi e Rôle huet och eng nohalteg Steierreform an deem ganzen Thema «Wuesstem – Landesplanung – Entwécklung vum Land»?
  • Wéi soll ee mam Drock um Wunnengsmaart, an domatt mat eisem begrenzte Raum ëmgoen? Andeem een Aquis’en vu Landesplanung a Naturschutz a Fro stellt, oder an deem een op déi opbaut a Staat a Gemengen méi efficace zesummeschaffen?
  • Wéi kann d’Landesplanung nach méi glafwirdeg ginn, virun allem och wann d’Reform vum Omnibusgesetz deelweis a Kontradiktioun zu er steet? Wéi kann an der Landesplanung – no de villen Ukënnegungen – endlech Neel mat Käpp gemaach ginn?
  • Soll net den ëffentlechen Interêt iwwert Privatinteressen vu Proprietairen stoen?
  • Wéi steet et an deem Kontext och mat der Bedeelegung vun de Bierger un der Entwécklung vun hirer Gemeng / Regioun?

 

Am Kader vum Kongress wëlle mäer – no enger Introduktioun an den Thema – iwwert eis Positioun zu dësen an aneren Themen diskutéieren.

De Verwaltungsrot vum Mouvement Ecologique stellt an diem Kontext ee Resolutiounsentworf, deen Dir an den Downloads fannt, zum Thema „Wéi e Lëtzebuerg fir muer?“ zur Diskussioun an zum Vote.

No der Gespréichsronn ass zum Ofschloss nach eng Receptioun mat Eirewäin / -jus.
Merci, datt Dir op d’Generalversammlung kommt!

 

 

Zesummen Iessen am «Oekosoph», dem Bistro am Oekozenter Pafendall – Jiddereen ass häerzlech agelueden

gv 2015 6Owes no dem Kongress ass traditionell e gemeinsamt Iessen, fir jiddereen dee Loscht huet. Dëst Joer iesse mäer ërem an eisem Bistro am Oekozenter Pafendall, dem «Oekosoph». Profitéiert vun dëser Geleeënheet gemittlech zesummen an eisem flotte Bistro eppes ze iessen. Et gett e leckeren vegetareschen Buffet vum Traiteur Niessen, natierlech bio.
Fir Iech de Mond wässereg ze maachen, hei wat et alles gëtt:

«Le froid»
Gazpacho de carottes à la citronnelle – Terrine aux trois légumes – Mousse de chou-fleur «Bloody Mary» – Carpaccio de fines légumes de saison – Crêpes roulées au fêta et concombre – Méli-mélo de sushi végétarien – Mozzarella cerise et tomates cerise – Salade de pâtes aux poivrons et salade de choux blancs au curry et à la noix de coco – Salade de jardin et Tofu en salade – Assortiment de petits pains & beurre
«Le chaud»
Escalope de seitan – sauce au curry – Risotto au parmesan au thé vert – Pommes de terre tournées au thym – Brochette de légumes – Flan de carottes
«Dessert»
Carpaccio d’ananas (Fair trade) aux fruits de la passion – Crème brûlée au basilic – Méli-mélo de mignardises

Präis: 35 Euro (15 Euro fir «moves-Leit»).
Mellt Iech w.e.g. u fir d’Iessen bis spéitstens e Mëttwoch, den 16. Mäerz ëm 12.00 Auer, per E-mail : meco@oeko.lu oder Gréngen Telefon 439030-1

 

Mat Zuch / Bus / zu Fouss op d’Generalversammlung

Zu Fouss: 10 Min. vum Feschmuart aus oder vun der Côte d’Eich
Mam Velo: En iwwerdachte Velosstand ass direkt beim Oekozenter
Mam Bus: D’AVL Linn 23 fiert vun der Stater Gare durch de Pafendall op Dummeldeng. (Arrêt Théiwesbur).