D’Generalversammlung – de Kongress 2012 vum Mouvement Ecologique
Nieft dem statutareschen Deel vum Kongress – Tätegkeetsbericht, Finanzrapport, Neiwiel vum Verwaltungsrot – wäert de Schwéierpunkt dës d’Joer d’Fro sinn, a wéi eng Richtung sech eist Land entwéckelt – wat eis Prioritéiten, Choixe sinn a wat dem Mouvement Ecologique seng Virstellungen derzou.
1. Deel vum Kongress: Statutareschen Deel
- Begréissung duerch d’Regional Stad Lëtzebuerg
- D’Wuert vun der Presidentin
- De Bilan a Biller vun den Aktivitéiten am Joer 2011 mat engem Ausbléck an d’Zukunft vu
* Mouvement Ecologique
* OekoZenter Lëtzebuerg
* Stëftung Öko-Fonds
* Klima-Bündnis Lëtzebuerg - Finanzrapport vum Trésorier a vun de Revisoren – Décharge
- Décharge vum Verwaltungsrot
- Neiwiel vun de Membere vum Verwaltungsrot resp. vun de Keesse-Revisoren
Kandidature fir de Verwaltungsrot solle w.e.g. mëndlech oder schrëftlech bis de 7. Mäerz beimMouvement Ecologique, Tel. 439030-1 oder als E-mail meco@oeko.lu eragereecht ginn. - Motioun
– Resolution 1 : Resolutionsentwurf Kongress 2012
– Resolution 2 : Durch Einführung des „congé associatif“ gesellschaftspolitisches ehrenamtliches Engagement aufwerten
– Resolution 3 : Für die Einführung einer Finanztransaktionssteuer - Fräi Aussprooch
2. Deel vum Kongress: Wouhi steiert Lëtzebuerg?
De Wee an eng nohalteg Gesellschaft brauch kloer Visiounen a konkret Handelen!
- Wéi eng Energie- a Klimapolitik?
- Wei eng Diskussioun iwwert Zukunftsfroen?
- Wéi e Wuesstum? Wéi e Verbrauch vun de Ressourcen?
- Wéi eng Prioritéiten an der Mobilitéit?
Owes no der Generalversammlung ass traditionell e gemeinsamt Iessen, fir jiddereen dee Loscht huet, e gemittlechen Owend an engem flotte Kader zesummen ze verbréngen.
Mir gesinn eis dëst Joer am Restaurant Bickstuff am Neiduerf / Clausen.
Zur Auswiel steet e vegetaresche Menu oder e Menu mat Fleesch
Mellt Iech w.e.g. u fir d’Iessen bis spéitstens e Mëttwoch, de 7. Mäerz ëm 12.00 Auer, per E-mail : meco@oeko.lu oder Gréngen Telefon 439030-1 a gitt dee vun Iech gewielte Menu un.