Den Zukunftshaff goes Jugendpräis 2025

Wou kënnt eist Iessen hier? Wéi gesäit den Alldag op engem Bauerenhaff aus? A wéi hänke Klimawandel a Landwirtschaft zesummen?
Vum 12. bis den 15. September 2024 konnte Jonker e ganze Weekend op engem Haff verbréngen, matschaffen an de Betrib kenneléieren. Ausserdeem haten si d’Geleeënheet, Froen ze stellen an en Austausch ze hunn. Dëst am Kader vun der éischter Editioun vum move. Projet „Zukunftshaff“.
Mat dobäi waren 2 ganz ënnerschiddlech Häff: de Kass Haff, ferme pédagogique a Bio Haff zu Rolleng an den Haff Om Béchel, och eng ferme pédagogique a spezialiséiert op Ieselen. Méi Infoen zur Editioun 2024 sinn hei ze fannen
Du wëlls beim Zukunftshaff 2025 mat dobäi sinn? Da schreif eis einfach op move@oeko.lu a mir mellen eis bei dir, wann déi nei Editioun lancéiert gëtt.
Kuck hei de Video, mat deem move. sech fir de Jugendpräis 2025 beworben huet: