• Print Friendly


Den Oekosoph: De ganze Summer mëttwochs an donneschdes fir Iech op!

E Besuch lount sech op alle Fall, grad elo am Summer, mat der flotter Terrasse, der Offer u Biogedrénks an Iessen, den interessante Leit …

Dir fannt bei eis zousätzlech iwwert 20 Zäitschrëften aus dem ekologesche Beräich, Dageszeitungen, e Bicherschaf (wou Dir Bicher kënnt mathuelen oder déi, déi Dir net méi wëllt, ausleeën), Gesellschaftsspiller, all Mëttwoch en extra Plat ….

Zerwéiert gitt Dir vun enger léiwer Equipe vun eirenamtlech engagéierte Leit!

Mir sinn iwwregens ideal och mat dem neien Panoramalift aus der Uewerstad z‘erreechen!

E Besuch lount sech also!