• Print Friendly


coordinateur/trice responsable (m/f) fir den Oekozenter Pafendall

PROFIL

  • Ekologesch a gesellschaftspolitesch Interessen a Virkenntnisser
  • Interessi sech an enger Net-Regierungsorganisatioun ze engagéieren
  • Offenen Ëmgang mat Leit, Féierungsqualitéiten, Teamfähegkeet a Flexibilitéit
  • Kompetenz fir Projeten ze koordinéieren an ze begleeden
  • Verwaltungstechnesch Kenntnisser
  • Facilitéit fir redaktionnell Aarbechten
  • Gudd Kenntnisser vum Lëtzebuergeschen, Däitschen a Franséischen

AARBECHTSBERAICH

  • Iwwerbléck iwwert Fonctionnement, Projeten a Bildungsaarbecht vum Oekozenter
  • Encadrement, Entwécklung a Prospektioun vu Projeten
  • Ëffentlechkeetsaarbecht

QUALIFIKATIOUN

  • Bac+2 oder Uni-Diplom oder entspriechend berufflech Erfahrung

MIR BIDDEN

  • Aarbechtszäit vun 32-40 Stonnen/Woch
  • D’Meiglechkeet seng Virstellungen an den Opbau vum neien Oekozenter anzebréngen an eegeresponsabel ze schaffen
  • Eng interessant an ofwiesslungsräich Aarbecht an enger dynamescher Equipe.

Bewerbunge sinn ze schécken bis de 25. Februar 2014 un:

Oekozenter Pafendall
M. le président
4, rue Vauban,
L-2663 Luxembourg

oekozenter@oeko.lu