• Print Friendly


„Eng liewenswäert Gesellschaft fir muer – 9 thematesch Spotten“

esou den Titel vun enger Facebook Campagne déi de Mouvement Ecologique am Kader vun de Nationalwale lancéiert huet. An 9 kuerze Videoe ginn zentral gesellschaftlech Erausfuerderungen ugeschwat an d’Ureegunge vum Mouvement Ecologique derzou presentéiert. Des Videoen ginn e gudden Iwwerbléck iwwert déi Haaptiddie vum Mouvement Ecologique. Natierlech ass et awer net méiglech all Virschléi an engem kuerze Video ënnerzebréngen.

Duerfir: Huelt och Dir Iech Zäit fir den Detail a liest eis Fuerderungen un d’Politik ënner www.meco.lu/Wahlen2018.

Eis eischt Videoen zum gerechte Welthandel an zur Wuesstemsthematik fannt Dir hei ënnendrënner: