![](https://www.meco.lu/wp-content/uploads/2017/11/affiche-Hunneg_2017-news-700x361.jpg)
„Bio-Hunneg aus dem Pafendall“
Dëst Joer konnten d’Beien, déi hannert dem Oekozenter bei der Uelzecht logéiert waren, vun Ufank Juni u fläisseg Nektar sammelen. Ënn Juli konnt e gudden an aromateschen Hunneg geschleidert ginn, deen elo mat enger Mëschung mat Kënzeger Bio-Hunneg ze kafen ass.
Dir kritt dësen Hunneg an 250 g Glieser am Oekozenter Pafendall oder am Oekosoph fir de Präis vun 3.40 €.