• Print Friendly


Bericht vun der Generalversammlung Regional „Nordstad“

Mëtt Mee war d’Generalversammlung vun der Regionalsektioun Nordstad. Bei där Geleeënheet gouf eng Entrevue mam Mobilitéitsminister preparéiert. Verbesserungen un de Vëlosinfrastrukturen, speziell fir de Raum Dikrech-Ettelbréck, stinn am Mëttelpunkt.

No der Generalversammlung hunn d’Claire Wolff an de Rosch Schauls e Virtrag iwwert déi aktuell Problematik vum Verloscht vun der Biodiversitéit gehalen. Die gutt 30 Leit am Publikum ware ganz interesséiert a kruten een ofwiesslungsräichen Exposé iwwert d’Zesummenhäng an eisem natierleche Liewensraum gebueden.

An der uschléissender Diskussioun hunn e puer Leit proposéiert, datt de Mouvement eng Petitioun fir eng séier Erhéijung vum Biolandbau zu Lëtzebuerg soll lancéieren. Dëst mat staarker Ënnerstëtzung vun deene Baueren, déi fir de Wiessel vu konventionellen op Biolandbau bereet sinn. Et goufen och vill Froen dozou gestallt, wat jiddereen doheem oder wat eng Gemeng maache kann, fir d’Biodiversitéit ze ënnerstëtzen.