Naturschutz Land- und Forstwirtschaft
  • Print Friendly


Baamscheiwepateschaft: De Strosseraum zesummen aarteräich begréngen

Zesumme mat der Canopé Production asbl. an Transitioun Uelzechtdall asbl. sinn de Mouvement Ecologique an den Oekozenter Pafendall säit neistem houfrech Pätteren / Giedelen vun dräi Bamscheiwen an der rue Vauban. Als Bamscheif bezeechent een den offene Buedem ronderëm ee Stroossebam.

Säit Mäerz 2021 kënnen interesséiert Bierger*inne vun der Stad Lëtzebuerg eng Demande maachen, fir d’Pateschaft vun enger Bamscheif ze iwwerhuelen. Op www.vdl.lu fannt Dir all Informatiounen zur Aktioun. Wärend dem Oekofestival de 25. September 2021 huet Transitioun Uelzechtdall asbl. a Canopé Produktion asbl., an zwee Workshops mat interesséierte Visiteuren d’Bamscheiwen an der rue Vauban beplanzt.
An d’Bamscheiwen, déi virdru just mat Rindenmulch zougedeckt waren, goufen insektefrëndlech Staude geplanzt bzw. zum Deel och Blummewiss-Som ausgesäit.Iwwert déi nächst Méint a Joren, wäerte mir eis dann och zesummen ëm den Ënnerhalt këmmeren an iwwert d’Entwécklung vun de Bamscheiwen informéieren.
Ee grousse Merci un de Service des Parcs vun der VdL fir hier Ënnerstëtzung bei dëser Aktioun. Och aner Gemengen erméiglechen hire Bierger*innen den ëffentleche Raum mat ze gestalten. Bamscheiwepateschafte ginn et z.B. och an de Gemenge Beetebuerg, Déifferdeng an Diddeleng.

Leider eegent sech net all Bamscheif fir eng Pateschaft. Vill Beem, hu selwer net genuch Wuezelraum, Buedem a Waasser fir sech gutt ze entwéckelen an hier villfälteg positiv Funktioune kënnen ze erfëllen.

Hei kënnt Dir Iech d’Video-Opname vun de Webinaren déi mir zu den Theme „Beem am Siidlungsraum“ an „Den ëffentleche Raum fir a mat de Bierger*innen naturno gestalten“ organiséiert hunn ukucken:

https://www.meco.lu/de/blog/documentcenter/mei-grengs-an-eise-stied-an-dierfer-e-baeitrag-zur-liewensqualiteit-der-klimaupassung-an-dem-erhalt-vun-der-biodiversiteit/