• Print Friendly


Aktivitéitsbericht 2023: Am Asaz fir Liewensqualitéit an nohalteg Entwécklung

 

Op 68 räich illustréierte Säite gesitt Dir eng beandrockend Villfalt vun Initiativen a Projeten, déi vun enger ganzer Rei éierenamtlech engagéierte Leit, verstäerkt vun enger klenger Equipe vu Personal, ergraff goufen.

Esouwuel eng breet Informatiouns- a Sensibiliséierungsaarbecht, konkret Projeten an Iddie wéi och handfest politesch Fuerderunge maachen den Engagement vum Mouvement Ecologique aus, dat an der Hoffnung e Bäitrag zu enger nohalteger Entwécklung ze leeschten.

Dir fannt hei derbäi awer och d’Aféierungsried vum Kongress 2024, déi eng generell Analyse vun der ablécklecher (gesellschafts)-politescher Situatioun duerstellt an och konkret Fuerderunge vum Mouvement Ecologique begräift.

Sidd Dir nach net Member, weilt et awer ginn? Well all Member ass eng wichteg Stäip fir de Mouvement Ecologique?

Da fannt Dir all Informatiounen hei:  Merci am Viraus!

 

 

 

 

 

24.05.2024