Demokratie – Bürgerbeteiligung
  • Print Friendly


Aktiv ginn am Mouvement Ecologique !

Dir sidd interesséiert am Mouvement Ecologique matzeschaffen? Mee Dir wësst net wéi a wou?

Da kommt laanscht op engem labberen Austausch!

  • Hutt Dir Iech schonn heiansdo geduet: et wär flott bei dëser oder däer Aktioun, Stellungnahm beim Mouvement matzemaachen? Sief et national oder an Ärer Gemeng / Regioun? Oder an engem Beräich wéi dem Naturschutz, der Ëmweltpolitik, der Gesondheet / der Ernährung, der Energie, dem Klimaschutz, der Mobilitéit, der Entwécklung vun eisen Uertschaften…Ma Dir wosst awer net esou richteg wéi dat kéint ausgesinn? A wéi vill Zäit dat géif verlaangen?
  • Hutt Dir Iech schonn heiansdo Froen iwwert d’Strukturen / d’Aarbechtsweis vum Mouvement gestallt a ni eng richteg Geleeënheet gehat dat nozefroen?
  • Hutt Dir vläit och nei Iddien, wou Dir mengt, datt am Mouvement kéinten opgegraff ginn?
  • Wëllt Dir dem Verwaltungsrot vum Mouvement e puer Iddieën mat op de Wee ginn…

Da kommt einfach bei eis laanscht: mir invitéieren all Interesséierten an engem mi labberen Kader op en Austausch zum Thema: 

an zwar den Dënschden, 24. Februar 2015 um 18.30 am Bistro vum Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, Stad.  

Die Veranstaltung ist abgesagt und wird durch Einzelgespräche mit interessierten Mitgliedern ersetzt. 

Fir datt den Owend gemittlech gëtt, gëtt et e puer Häppecher vum veggie-table Grupp vum Mouvement Ecologique. Duerfir wär et och léif wann Dir Iech géift speitstens 3 Deeg am Virfeld umellen, datt mir och genuch z’iessen hunn: meco@oeko.lu oder rufft un um 439030-1.

Wann Dir deen Owend keng Geleeënheet hutt fir laanscht ze kommen an awer interesséiert sidd, da mëllt Iech bei eis, da fanne mäer en anere Wee fir en Austausch: meco@oeko.lu, tel. 439030-1

Dësen Owend riicht sech u jiddwereen, deen de Mouvement méi wëll kënne léieren, sief et datt een dono och aktiv wéilt matschaffen, oder datt een sech einfach just op engem Owend wëll iwwert de Mouvement informéieren.