Äddi Camille!
De Camille Gira ass dout. D’Schicksal kann heiansdo sou onbaarmhäerzeg sinn, et ass een einfach immens betraff an traureg.
De Camille war vun den 80ger Joren un aktiv am Mouvement Ecologique, esouwuel um regionalen Niveau wéi och am nationale Verwaltungsrot. Mat senger Iwwerzeegung, senger Leidenschaft, senger Mënschlechkeet, mee awer och mat sengem Humor, huet hien eis Iddien vun der ekologescher Gemengepolitik, der Regionalentwécklung an dem Natur- a Klimaschutz staark gepräägt a entscheedend no fir bruecht.
De Camille war mat den éischte Buergermeeschter, dee gewisen huet, wat Biergerbedeelegung ka bréngen, wéi wichteg et ass nei Iddien, déi vun ënne kommen, ze ënnerstëtzen an drun ze gleewen, duerch hien konnte ganz vill Iddien reell ëmgesat a virgelieft ginn.
Säi Wee gouf dono e parteipoliteschen, ma d’Verbonnenheet mat dem Mouvement Ecologique an de mënschleche Mateneen ass an engem aussergewéinleche Moss bliwwen. Och wann een a senger neier Funktioun kontradiktoresch a lieweg zesummen diskutéiert huet – an dat konnt ee mam Camille besonnesch gutt – wousst een ëmmer: dem Camille goung et ëm d’Saach. Sein Engagement fir d’Cause, fir déi hien agetratt ass, seng Wäerter, seng Idealer ware vun enger immenser Eierlech- a Gradlinnegkeet.
Hien huet villes beweegt, fir eis Gesellschaft méi liewenswäert ze maachen. Ma virun allem wäerte mir hien an Erënnerung behalen als e besonnesch léiwe Mënsch, als e gudde Frënd, mat deem een sech wuel gefillt huet an och gäre gelaacht huet.
Senger Famill drécke mir eis déift Bäileed fir dësen onersetzleche Verloscht aus.