• Print Friendly


Generalversammlung – Kongress 2019

D’Generalversammlung – de Kongress 2019 vum Mouvement Ecologique war trotz deem gudde Wieder besonnech gutt besicht.

Gutt 100 Leit hunn den Dag iwwer drun deelgeholl. No dem statutareschen Deel – Aktivitéitsbericht, Bilan a Budget, Neiwiel vum Verwaltungsrot an der Ofstëmmung iwwer eng Resolutioun am Kader vun den Europawalen – goung et am zweeten Deel vum Kongress iwwer den Biodiversitéitsverloscht:

Erhale vun der Biodiversitéit an eng nohalteg Landwirtschaft: méi an de Fokus vun der Gesellschaft réckelen”.

De Naturschutzgrupp vum Mouvement Ecologique hat en interessante Bäitrag zum Thema gemaach. Dir fannt den PP dovun an den Downloads.

Do fannt Dir och de gutt gefëllten Aktivitéitsbericht vun 2018 als Broschür awer och als PP, grad wéi e de Rapport vun der Generalversammlung, an d’Ried vun der Presidentin Blanche Weber. Ënner de Link’s fannt Dir e puer Fotoe  vum Kongress an en Zesummeschnett vun der 50 Joer Feier.