![](https://www.meco.lu/wp-content/uploads/2015/01/Je-suis-Charlie-hp-700x361.jpg)
Je suis Charlie
Presse-, Meenungs- an Ausdrocksfräiheet an Demokrati sin ontrennbar matenee verbonnen.
Dat ass ee vun den zentralen Fundamenter, Grondwerter vun eiser pluralistescher a weltoffener Gesellschaft. Wien d’Presse- a Meenungsfräiheet a Fro stellt, stellt d’Demokrati selwer a Fro an domat d’Grondlag vum Zesummeliewen.
De Mouvement Ecologique associéiert sech alle gesellschaftleche Kräften am gemeinsamen Engagement fir d’Recht op d’Fräiheet vun Meenungen an Iwwerzeegungen.
.