• Print Friendly


1. Juli Quizowend am Oekosoph: „Summer-Editioun“

Mir invitéiere häerzlechst op déi 3. Editioun vun eisem Quizowend am Oekosoph. Och dës Kéier kënnt dir äert Wëssen zu den all/on-méiglechsten Themen ënner Beweis stellen. Fir d’Summer-Editioun gëtt dann och de Grill ugeschmass a mir wäerten nieft Bio-Fleesch natierlech och vegan Alternativen ubidden.

Gespillt gëtt erëm a Gruppen (Gréisst vun de Gruppen hänkt vun den ageschriwwene Leit of), sou datt mir hoffen, datt sech d’Leit spontan a Gruppen zesummefannen.

Wann dir Iech wëllt op de Quiz an op déi gestalte Froe virbereeden, da mengt alt! Kommt laanscht a probéiert ee vun de ville flotte Cadeau’en ofzestëbsen.

Aschreiwe kënnt dir Iech ab 18h00 sur place am Bistro (3 Euro). Um 19h00 fänke mir mam Quiz un.

Duerfir, kommt laanscht op eise Quiz a léiert nei Leit kennen, stellt äert Wëssen ënner Beweis a verbréngt e flotten Owend. An och hei ass eng Umeldung net néideg, ma erliichtert eis d’Organisatioun awer. Duerfir Merci wann Dir Iech géift umellen!