• Print Friendly


09. /10. März: Anti-Atom Demos in Paris und Tihange

Samsdes 09.03. – Paräis

D’franséisch anti-atom Bewegung organiséiert eng grouss national Manif zu Paräis. D’Ziel ass et mat enger rieseger Menscheketten all d’Entscheedungszentralen vun der Atom-Lobby ze emzingelen. A well schlussendlech och d’Decisoun fir d’Oofschalten vun de Atomreakteren zu Cattenom an zu Chooz muss zu Paräis geholl ginn, fueren och mir mat engem Bus vu Lëtzebuerg aus dohinner fir d’franséisch Manif ze ennerstetzen!
Grad elo ass eng maximal Mobiliséierung wichteg ! Hier Regierung well deemnächst en entscheedend Gesetz iwwert "Transition énergétique" virleeën an dorun hänkt dann och déi weider Liewensdauer vun Cattenom & Co! Sidd bei dëser historescher Aktioun dobäi a fuert mat eis matt !

Bus Op d’Manif zu Paräis:
Départ Richtung Paräis: 07h10 – Luxbg-Gare, Quai Bus RGTR
Retour Luxbg: approx. 22h30 – Luxbg-Gare

Präis Bus-Ticket: 20 Euro p. P. – Bezuelt gett am Bus.

UMELDUNG OBLIGATORESCH !
Email: dan.michels@mac.com
Tel.: (+352) 46 37 40
Handy: (+352) 621 233 121

Denkt drun weg. Gedrenks an Iesse matzehuelen !

http://www.iacattenom.de
http://www.chainehumaine.org

Sonndes 10.03. – Tihange (B)

Fir déi ganz motivéiert Aktivisten fënnt um Fukushima-Weekend och nach Sonndes eng international Manif bei eiser zweetnotster Atomzentral "Tihange" statt. Och déi ass wichteg am Kontext vun der kommender Decisoun vun de  Belschen Autoritéiten iwwert d’Nees-Ulaafe vum AKW Tihange – trotz der Abberzuel vun 2012 entdeckten Rëss an der Cuve vun engem Reakter an trotz enger zanter 10 Joër ongeléisstener Fuite vu radioaktivem Waasser ! Den AKW Tihange läit um Rand vun der Stadt Huy, zweschend Namur a Léck, ronn 90km vu Lëtzebuerg.

STOP TIHANGE
Dim, 10 mars 2013
14h00 – Grand-Place
B-4500 Huy
(Rassemblement sur la Grand Place de Huy, puis cortège vers la centrale nucléaire)

Weider Info’en:
Dan Michels: dan.michels@mac.com,  (+352) 621 233 121
http://www.stop-tihange.org