Et brauch eng national Äntwert op d’Wunnengskris

De Mouvement Ecologique ënnerstëtzt de „Kollektiv Logementskris“.

D’Wunnengskris fält als solch net direkt an de Kompetenzberäich vum Mouvement Ecologique. De Verwaltungsrot war awer der Meenung, datt et angesichts der zanter Joerzéngte bekannter Kris um Wunnengsmaart wichteg ass, sech solidaresch mat dësem Zesummeschloss vu Jugendorganisatiounen ze weisen, och wann de Mouvement Ecologique net all eenzel Fuerderung aktiv begleede kann.

D’Wunnengskris, virun allem bei jonke Mënschen oder sozial méi schwaache Stéit, beaflosst hiert Liewen an engem aussergewéinleche Mooss an huet och Auswierkungen am ekologesche Beräich (Méiglechkeet, eng Wunneng no bei der Aarbechtsplaz ze fannen; finanziell Mëttelen, déi zur Verfügung stinn, fir ekologesch Investitiounen ze maachen).

Dofir rifft och de Mouvement Ecologique dozou op, un der Protestmanifestatioun deelzehuelen.

 

(Ëffentlech Petitioun Nr.4246)

 

Zil vun der Petitioun

Dës Petitioun soll d’Regierung an d’Chamber opfuerderen, de Logementsdësch ze erweideren an an eng National Kommissioun am Kampf géint d’Wunnengskris ëmzewandelen, déi sech all Mount ënner der Autoritéit vum Premierminister treffe géif. Dës Kommissioun sollt nieft de kompetente Ministeren (Wunnengsbau, Intérier, Emwelt an anerer) och de Syvicol, d’Chambre des Salariés, d’Chambre des Métiers, d’Association des Banques et Banquiers, den Observatoire de l’habitat, d’Chambre Immobilière an d’ONGen aus dem Konsumenteschutz (ULC, Fondation pour l’accès au logement, Mieterschutz asbl) regroupéieren. D’Verantwortung vun dëser Kommissioun wär et, eng méijähreg national Äntwert op d’Wunnengskris auszeschaffen, ze koordinéieren an d’Ëmsetzung ze beschleunegen, andeems se mindestens zweemol am Joer der Chamber iwwer déi geplangte Moossnamen an hir Fortschrëtter bericht. Zu de Moossnamen, déi d’Kommissioun kéint erweegen, gehéieren ënner anerem: D’Emissioun vun engem järlechen ëffentlechen Obligatiounsprogramm „Wunnengsbau“ vu 500 Milliounen Euro iwwer 4 Joer, deen integral an d’Schafung oder den Akaf vu Wunnengen investéiert gëtt. En nationaalt Zil vun 20% bezuelbare Wunnengen. D’Verduebele vun der Staatsgarantie fir de Prêt d’accession à la propriété, fir den Accès zum Kredit fir Leit, déi fir d’éischt Kéier kafen, ze erliichteren.

Motivatioun vun der Petitioun

D’Wunnengskris ass eng national Kris, déi eng national Äntwert verlaangt. Schätzungen no wiere bis 2035 tëschent 137.000 zousätzlech Wunnengen zu Lëtzebuerg néideg, fir der Demande gerecht ze ginn. Lëtzebuerg huet awer tëscht 2012 an 2022 just e bësse méi wéi 38.000 Wunnenge gebaut. Zur selwechter Zäit huet de Bausektor tëscht 2022 an 2023 bal 5.000 Aarbechtsplazen ofgebaut. Dësen extremen Mangel u Wunnenge féiert zu ondrobarWunnengspräisser, déi déi ganzt Populatioun a besonnesch déi jonk Leit treffen. D’Land steet virun enger dauerhafter Kris, déi innovativ an ambitiéis Léisunge verlaangt. Déi lescht Moossnamen, déi d’Regierung am Kader vum „Booster fir de Wunnengsbau“ ugekënnegt huet, weisen awer, datt déi aktuell Politik nach ëmmer op déi selwecht Léisunge setzt (z. B. Amortissement Accéléré). Dës Moossnamen hunn d’Kris an der Vergaangenheet net geléist a wäerten dat och an Zukunft net maachen. Duerch d’Schafe vun enger Nationaler Kommissioun, déi all kompetent Staatsdéngschter souwéi d’Akteuren aus dem private Sektor zesummebréngt, wier d’Zil, schlussendlech eng national Dynamik an Ambitioun ze schafen, fir d’Wunnengskris iwwergräifend a koordinéiert mat radikale Moossnamen unzegoen. Esou eng Kommissioun géif och garantéieren, datt d’Léisung vun der Wunnengskris net nëmmen am Aufgabeberäich vum Wunnengsbauministère läit. All Ministeren an hier Verwaltungen, wéi och privat Acteure missten am Kader vun hire jeeweilege Kompetenze fir dëst prioritär a gemeinsaamt Zil ze erreechen. De monatleche Rhythmus vun dëse Versammlunge géif déi verschidde Staatsdéngschter dozou verflichten, d’Projeten esou séier wéi méiglech virunzebréngen, an den halleftjährlechen Bericht un d’Chamber géif d’Transparenz vun de Fortschrëtter vis-à-vis vum Bierger sécherstellen.

 

Ënnerschreiwt d’Petitioun: Pétition n°4246 – Et brauch eng national Äntwert op d’Wunnengskris

 

D’Manif géint Logementskris: https://fb.me/e/4DuMi7bSw

 

 

09.11.2026