Veggie Table: Kolrabi-Wuerzels-Eintopf mat Tellerlënsen (vegan)

Dës Woch presentéiert Iech d’Lydie Philippy e veganen Kolrabi-Wuerzels-Eintopf mat Tellerlënsen

 

Produktbeschreiwung:

Tellerlënsen variéieren an hirer Faarf vu gréng iwwer giel bis brong, well se wärend der Lagerung eng brong Faarf kréien. D’Faarf huet awer keng Auswierkung op d’Kachzäit oder de Goût. Typesch fir dës Zort ass datt se am Verglach mat anere Lënsenzorten eng fest a knackeg Textur hunn. Sie enthalen héichwäerteg Kuelenhydrater, wéineg Fett a sinn eng gutt Proteinquell a räich u B-Vitaminne.

 

Dëst a vill aner Rezepter fannt Dir op veggie-table.lu

 

22.10.26