De Mouvement Ecologique stellt an: Chargé(e) de Direction – CDI
Download(s)
Plaz-Ausschreiwungen am Mouvement Ecologique
De Mouvement Ecologique schreift dräi nei Plazen aus.
Kritt de Mouvement Ecologique elo esou eng staark nei professionell Verstäerkung ? Jo a neen….
- Neie Posten an der Direktioun : Dëse Posten ass effektiv nei a soll derzou bäidroen, déi haaptamtlech Strukture mëttel- a laangfristeg ze stäerken. Ziel ass et – nieft engem éierenamtleche President:in an dem Verwaltungsrot – eng haaptamtlech Gerance vum Mouvement Ecologique sécherzestellen: esouwuel inhaltlech wéi och administrativ;
- Verstäerkung „Energie- an Ëmweltpolitik / nohaltegt Wunnen“: Opgrond vun engem Congé parental an dësem Themeberäich a fir d’Aktivitéiten doran ze stäerke gëtt elo en 32-30 Stonneposten zousätzlech ausgeschriwwen.
- Ersatz Posten „Biodiversitéit“: Dëse besteeënde Poste gëtt nei ausgeschriwwen a nei besat. Mir profitéiere fir der Responsabel, déi elo geet, merci fir déi exzellent Aarbecht vun de leschte Joren ze soen.
Fannt déi aaner Job Annonce HEI






