Hëtztperioden a Bäihëllefen am Klimaberäich: Iwwer isoléiert Moossnamen eraus, brauch Lëtzebuerg endlech eng kohärent, och sozial orientéiert Klimaschutz- a Klimaupassungspolitik
Mëtt Juli gouf nach de wichtege Gesetzesprojet „Klimabonus Wunnen“ vun der Chamber gestëmmt. Dëse reegelt wichteg Subsiden am Energieberäich.
Grad d’Hëtzte vun elo weise fir eis, wéi extrem wichteg am Ablack esouwuel esou Gesetzer wéi de Mëttel sinn, ma awer och wéi wichteg eng vill mi eng konsequent Klimaschutz- a Klimaadaptatiounspolitik wär. Dat virun och fir Leit mat manner finanzielle Mëttelen, déi der Situatioun besonnesch ausgeliwwert sinn.
De Premier hat a senger Ried zur Lag vun der Natioun gesot: „* Wëlle mir d’Sonn am Summer genéissen, oder als Hëtztwell erdroen? a geäntwert: „Fir d’Regierung sinn d’Äntwerte kloer: mir wëllen d’Ëmwelt schützen an de Klimawandel ugoen.“
Fakte sinn awer, wéi och eng Analyse vum Öko-Institut am Optrag vum Mouvement Ecologique – déi mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Ëmweltministère erstallt gouf – weist op:
- D’Fërderprogrammer fir erneierbar Energien, Wärmepompelen asw. wéi mäer se am Ablack hunn, sinn zwar gutt wat de Prinzip betrëfft, ma loosse Leit mat manner finanzielle Mëttele vill ze vill am Ree stoen. An der Etude gi konkret Verbesserungsméiglechkeeten opgelëscht. Och de Gesetzesprojet deen de Mette gestëmmt gëtt, weist vill Defiziter op (z.B. och fir Méifamilljenhaiser);
- Generell feelt et bei eise Fërderprogrammer un enger zilorientéierter, fachlech baséierter Approche, esou datt mäer sécher net déi Zieler erreechen déi néideg sinn an eigentlech och keng gutt Gerance vun ëffentleche Mëttele maachen;
- Lëtzebuerg verfeelt seng Zieler am Klimaberäich flagrant, mäer weisen Zuelen an eisem Pressetext;
- An et geet net duer iwwert Klimaanlagen ze schwätzen, mäer musse grondsätzlech eis Uertschaften anescht gestalten.
Dir fannt hei derbäi de Pressetext vum Mouvement Ecologique mat e.a. och engem Resumé vun den zentralen Aussoe vun der Etude vum Ökoinstitut, déi bëssche mei voluminéis ass grad och déi d’Analyse vum Öko-Institut.
15.07.26





