Kéisecker info Juni (1) 2026

An dësem Info fannt Dir Invitatioun op d’Visitt vun engem zukunftsweisende Quartier zu Schweebech an och op Nuetswanderung  mat de Gehaansfénkelcher. Op der zweeter Säit fannt dir d’Erkenntnisser vun enger héich interessanter Konferenz zur Energietransitioun: Wéi muss sech eisen Energiesystem verännere fir dat erneierbar Energie kënnen agesat ginn. D’Entscheedungen am Kader vun der Tripartite si fir de Mouvement Ecologique e Spagat. Och wann de Konsens tëscht Regierung, Patronat a Gewerkschafte wichteg ass fir de soziale Fridden, ass et d’Verantwortung vum Méco drop hinzeweisen, datt d’Tripartite-Moossnamen d’Energietransitioun kaum weiderbréngen, jo deels souguer erschwéieren. Dir fannt d’Stellungnam vum Mouvement Ecologique op de Säiten 3-4, souwéi eng Reaktioun op de definitive Beschloss op S. 5. Ausserdeem fannt Dir op de Säite 6 bis 7 d’Maach mat-Aktioun zu de Gehaansfénkelcher an och wéi een hiren Danz op enger Foto festhale kann.

 

 

 

 

 

 

 

11.06.2026