Veggie Table: Tofu-Kéiskuch mat Äerdbier (vegan)
Dës Woch presentéiert Iech d’Lydie Philippy e veganen Tofu-Kéiskuch mat Äerdbier
Produktbeschreiwung:
Seidentofu enthält méi Waasser wéi aner Tofuzorten an ass dofir vill méi mëll a cremeg. Dowéinst kann e fir cremeg Desserten, Zoossen, Zoppen, Dippen a Fëllunge benotzt ginn an ass besonnesch populär an der veganer Kichen als Ersatz fir wäisse Kéis (Stoffi) a Ram.
Dëst a vill aner Rezepter fannt Dir op veggie-table.lu
25.06.26






