Kéisecker-Info Mee (1) 2026

Download(s)

Den neie Kéisecker Info ass eraus!

Dës Editioun steet ganz am Zeeche vun de ville Manifestatiounen an Aktivitéiten, déi de Mouvement Ecologique organiséiert. Déi grouss Participatioun an déi vill flott Gespréicher weisen, datt ëmmer méi Mënschen sech fir eng sozial an ekologesch Transitioun engagéieren an asetzen wëllen.

An enger Zäit, an där nohalteg Entwécklung op europäeschem Niveau ëmmer méi ënner Drock geréit an déi geopolitësch Situatioun vill Suerge mécht, ass dëst e wichtegt Zeeche vu Courage an Hoffnung. Besonnesch d’Energietransitioun an den Ausbau vun den erneierbaren Energien mussen elo konsequent virugedriwwe ginn.

De komplette Kéisecker Info kann HEI gelies an erofgeluede ginn.

 

 

 

 

 

 

 

11.05.26