Kéisecker info Dezember (1) 2025

Dësen Info weist op eng impressionant Aart déi Aarbecht  déi de Mouvement Ecologique dank senge Memberen maache kann: vu kriteschen Stellungnamen (z. B. zu TFA an de Kären) iwwer konstruktiv Proposen am Klima- a Sozialplang bis hin zum Erfolleg am Google-Dossier an konkrete Rotschléi fir den Alldag.

 

Mir kënne stolz sinn op dat wat dëst Joer geleescht gouf. Gläichzäiteg sti mir virun Erausfuerderungen: Austausch mat Ministèren, e Réckgang un Dialogbereetschaft an e politesche Klima, wou wéineg ekologesch Dynamik ze gesi ass. Och d’Relatioun mat der Landwirtschaft huet sech verschlechtert, obwuel en Dialog méi wichteg wier wéi jee.

 

Dës Situatioune maachen d’Aarbecht net méi einfach, ma eis Motivatioun bleift staark: zesumme mat ville Leit fir eng liewenswäert Zukunft an eng méi gerecht Gesellschaft anzetrieden. Dobäi kommen och intern Erausfuerderungen, déi all ONG treffen: Prioritéite setzen, d’Éierenamt stäerken an den Erausfuerderunge vun EU-Entwécklunge gerecht ginn.

 

Fir weiderhi staark ze bleiwen, brauche mir Ënnerstëtzung. Dofir lancéiere mir eng Aktioun: Maacht dem Mouvement Ecologique e Kaddo a werbt en neie Member un! Als Merci verlouse mir e puer Präisser (kuckt Säit 2).

 

E grousse Merci, datt Dir Member bleift – a wgl. Är Cotisatioun fir 2026 iwwerweisen.

 

Schéi Feierdeeg an alles Guddes fir dat neit Joer