• Print Friendly


Generalversammlung – Kongress 2018

De Kongress vum Mouvement Ecologique 2018 war e besonnesch flott a gutt besichten!

Gutt 100 Leit hunn den Dag iwwer drun deelgeholl. Nieft dem statutareschen Deel – Aktivitéitsbericht, Bilan a Budget, Neiwiel vum Verwaltungsrot – gouf am zweeten Deel vum Kongress ausféierlech iwwert den Entworf vum Verwaltungsrot vun enger grondsätzlecher Stellungnahm zu de Nationalwalen diskutéiert.

Nohalteg Entwécklung an national Walen 2018 : Weidere Wuesstem „à gogo“ oder endlech d’Erausfuerderungen fir d’Zukunft am Fong upaken?“

Dir fannt den Entworf deen dem Kongress presentéiert gouf, hei ënner den Downloads. Ab en Donneschden wärt den iwwerschafften Text verfügbar sinn.

Dir fannt hei och de gutt gefëllten Aktivitéitsbericht vun 2017 an d’Ried vun der Presidentin Blanche Weber, an där virun allem den Thema Wuesstem an a wéi engem Gesellschaftsmodell mir liewe wëllen opgegraff gëtt.

D’Fotoen weisen, wéi gutt besicht a lieweg de Kongress war.