Gemeindepolitik
  • Print Friendly


Konkret Virschléi vum Mouvement Ecologique fir d’Gemengewalen 2017

titel gemengewalen brochür web

D’Gemengen: zentral Akteure vu gesellschaftleche Verännerungen

 

Et ass esou wäit: d’Broschür mat de konkreten Ureegungenfir d’Gemengewale vum Mouvement Ecologique ass fäerdeg!

Si ass erstallt gi vu villen engagéierte Memberen a Memberforen an Aarbechtsgruppen.

Un dëser Plaz e ganz grousse Merci u si!

 

D’Broschür vun 172 Säiten ëmfaasst folgend Kapitelen:

  • Demokratie: D’Gemeng fit maache fir d‘21. Joerhonnert: mat demokratesche Strukturen an enger lieweger Biergerbedeelegung
  • Finanzen: Eng „nohalteg” Finanzpolitik: DAT Instrument fir gesellschaftlech Prioritéite mat Liewen ze fëllen!
  • Siedlungsentwécklung: Eng attraktiv Gemeng mat de BiergerInnen plangen a gestalten!
  • Natur a Landschaft: als Séil vun enger Gemeng erhalen a schützen
  • Bësch: Eng bewosst Gestioun vum Gemengebësch: als Erhuelungsraum fir de Mënsch – als Liewensraum fir Déieren a Planzen
  • Mobilitéit: D’Strooss soll erëm dem Mënsch gehéieren! Prioritéit fir eng douce Mobilitéit a fir attraktiv ëffentlech Raim
  • Energie a Klima: Eng Gemeng, déi Klima- an Ener-gieziler an alle Beräicher konsequent virun dreift!
  • Regional Wirtschaft: Duerch nei Weeër an der Wirtschaft nei sozial an ekologesch Akzenter setzen – de Matenee förderen
  • Ëmwelt- a Ressourceschutz: Gemengen aktiv am Ressourceschutz a fir eng gesond a liewenswäert Ëmwelt
  • Waasser als Liewesquell: Gemengen iwwerhuelen hier Verantwortung
  • Gesondheetsförderung: Präventive Gesondheetsschutz: och eng kommunal Erausfuerderung
  • Schoul a Maison Relais: op d’Gesellschaft opmaachen – Kanner a Jugendlecher als gläichwäerteg Partner ugesinn
  • Nord – Süd Politik: Global denken – lokal handelen!

 

All Member huet se Ënn Juni och per Post a gedréckter Form zougeschéckt kritt. All Interesséierten kann se awer och gäre bestellen: Präis: 18 € (inkl. Envois), 15€ (beim Ofhuelen)

Ab 15 Exemplaren: 16€ (inkl. Envois), 13€ (beim Ofhuelen))

 

Bestellungen via E-Mail: meco@oeko.lu oder Tel. 439030-1. D’Broschür läit ab Ënn Juni a gedréckter Form fir

 

Fir September wäert och e Resumé virleien, deen och op englesch a franséisch wäert iwwersat ginn.