E satiresche Réckbléck op d’Méint Mee a Juni

Lade Karte ...

#_EV_DATETIME
#_EV_DATES - 09/07/2015
19:30

#_EV_LOCATION
Oekosoph Pafendall

#_EV_CATEGORIES


Donneschden, den 9. Juli 2015 um 19:30 (de selwechte Programm wéi den 30. Juni) am Bistro Oekosoph am Oekozenter Pafendall

Et ass scho bal eng Traditioun: déi regelméisseg kabarettistesch Liesungen am Oekosoph. Dës Kéier kommentéiert de Roland Gelhausen erëm op déi him eegen, satiresch an ironesch Aart a Weis, wéi hien déi läscht 2 Méint erlieft huet. Dobäi wäert hie wuel sécherlech erëm mat sengem Bléck op d’Politik an d’Gesellschaft begeeschteren, “kabarettistescht Fudder” gouf et jo genuch.

D’Liesung gët wéi ëmmer musikalesch begleed. D’Lydie Philippy mat der Kachequipe «veggie-table» bréngen zousätzlech vegetaresch Leckereien als Fingerfood op den Dësch.

Entrée mat Fingerfood: 20 € fir Memberen – 25 € fir Net-Memberen.

Bezuelt gëtt an der Oweskeess.

Well nëmmen eng begrenzten Zuel vu Leit méiglech ass, ass eng Umeldung iwwer meco@oeko.lu oder Tel. 439030-1 noutwendeg. Déi éischt si vir!