De satiresche Réckbléck op d’Summerlach

Lade Karte ...

#_EV_DATETIME
#_EV_DATES - 11/10/2015
17:00

#_EV_LOCATION
Oekosoph Pafendall

#_EV_CATEGORIES


Sonndes, 11. Oktober 2015 um 17:00 (de selwechte Programm wéi den 6. Oktober)

am Oekosoph vum Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, Lëtzebuerg

Et ass erëm esou wäit: de Roll Gelhausen an de Jay Schiltz invitéieren op hire kabarettistesche Réckbléck op de Summer. Si wäerten, mol nees eng Kéier zesummen, op hier eegen, satiresch an ironesch Aart a Weis kommentéieren, wéi si d’Summerlach erlieft hunn.

Dobäi hunn si natierlech hire spezielle Bléck op d’Politik an d’Gesellschaft.

D’Liesung ass wéi ëmmer musikalesch ënnermoolt a et gëtt vegetaresch Leckereien als Fingerfood vun der Kachequipe «Veggie-Table»

Entrée  mat Fingerfood, 20.- € fir Memberen a 25.-€ fir Net-Memberen.

Bezuelt gëtt an der Keess.

Well nëmmen eng begrenzten Zuel vu Leit méiglech ass a wéinst dem Fingerfood, ass eng Umeldung iwwer meco@oeko.lu oder Tel. 439030-1 noutwendeg.

Déi éischt si vir!