Gutt Virsäz am neie Joer? Der Natur an der Zukunft eng Stëmm ginn. Member am Mouvement Ecologique sinn – nei Memberen uwerben.

Am neie Joer hëlt esou muencher een sech gutt Virsätz. E gudde Virsaz gëtt et sécher: De Mouvement nach mi staark maachen – der Natur an der Zukunft nach méi eng staark Stëmm ginn …. an hëllefen nei Memberen unzewerben.

Well eppes ass kloer: wat méi Memberen – wat mer nach méi eng staark Gemeinschaft sinn.

 

 

Mei Membere bedeite méi Gewiicht, méi Solidaritéit an och zousätzlech finanziell Ressourcen. Als Net Regierungsorganisatioun, déi parteipolitesch onofhängeg ass, wëlle mir och an Zukunft eng kloer Sproch schwätzen – am Sënn vum Natur- a Klimaschutz, der ekologescher Transitioun a méi Matbedeelegung vun de Bierger:innen. Duerfir brauche mir och iech. An iwwregens: de Meco huet och eng gutt franséisch an englesch Homepage, fir méi Leit ze erreechen.

 

 

An datt eisen Engagement sech lount, weise vill Dossieren, am Dossier Restopolis / Restauratioun vun de Schoulkantinnen, am Engagement géint den Asaz vu Pestiziden a géint d‘“Ewigkeitschemikalie TFA“, bei der Duerchgréngung vun den Uertschaften a villes méi.

Als Merci un all Member deen e neie Member uwerbt an tëscht all neie Member verspillt de Meco bis den 1. Februar jeeweils:

– En Iesse fir 2 Persounen am Oekosoph am Wäert vun 100 Euro
– 1 Serigraphie
– 1 Bong vun 100 Euro an engem Geschäft vum Naturata

Duerfir : Maacht dem Mouvement e Kaddo a werbt een neie Member un – oder gitt Member! Merci am Viraus!

———————————————————————————————————————————