Weltdag vun dem Aarteschutz: Déi wichteg Erausfuerderunge vun der Zäit ugoen – Mir erhiewen eis Stëmm fir déi ausstierwend Aarten!
Den 3.3. ass dee vun der UNO ausgeruffenen Weltartendag.
De Mouvement Ecologique huet an enger symbolescher Aktioun de bedroten Aarte vu Lëtzebuerg eng Stëmm ginn ! D’Fuerderungen si kloer: D’Regierung muss der Ekologie an dem Schutz vun der Natur e vill mei héichen Stellewäert araumen.
An och wa Kricher, Logementskris d’Aktualitéit dominéieren: D’Aartestierwen, d’Klimaverännerunge gi weider. Duerfir mussen och si eng absolut politesch Prioritéit sinn.
Dat, well mer soss eis Liewensgrondlage futti maachen a wëll d’Weeër, fir d’Aarten an de Klima ze schützen, och fir eis Mënsche vu Virdeel sinn. Begréngten Uertschaften, Liewensmëttel ouni oder mat vill manner Pestiziden, Hëtzt a Stroum wou de Präis net vun Oligarchen asw an d’Luucht gedriwwe ginn.
Eng 70 Leit hunn duerfir symbolesch heifir den Aarten e Gesiicht ginn.
Och de Staatsminister Luc Frieden an dem Ëmweltminister Serge Wilmes goufen dës Fuerderungen duergeluecht an an engem kuerzen Austausch beschwat.
Liest déi genau Analyse an d’Fuerderungen HEI
Erklärungen zu den Aarten déi representéiert waren, fannt der HEI














