Veggie Table: Knuewelek-Lupine-Porettepan mat Paneer-Kéis (lacto-vegetaresch)

Dës Woch presentéiert Iech d’Lydie Philippy eng vegetaresch Knuewelek-Lupine-Porettepan mat Paneer-Kéis

 

Produktbeschreiwung:

Lupinen (lëtz. Lisär) war fréier haaptsächlech als Déierefudder bekannt. Haut genéisse mir Lupinen a verschiddene Varianten, well si als zouverlässeg Proteinquell ugesi ginn, ideal fir Veganer oder Vegetarier. De Som ass ongeféier esou grouss wéi déi vun de Pois chiche a si sinn, zousätzlech zum Protein, och räich u Ballaststoffer.

Paneer-Kéis ass e charakteristesche Kéis aus der indescher Kichen. En huet ganz vill planzlech Proteinne, Aminosaieren an héijen Undeel u Kalzium. E ka gebak, gegrillt a mat ville Geméiszorte kombinéiert ginn.

 

Dëst a vill aner Rezepter fannt Dir op veggie-table.lu

 

22.01.26