Naturschutz Land- und Forstwirtschaft
  • Print Friendly


Soll ë Kéisécker gefiddert ginn ?

Grondsätzlech: NEE! Och wann et gutt gemengt ass. Firwat d’Fiddere vun de pickege Gesellen generell net néideg ass – a souguer geféierlech ka sinn – a wat der amplaz maache kënnt fir en ze ënnerstëtze, gitt der hei gewuer.
Wichteg: Fir ze verhënneren, dass de Kéiseker sech ongewollt um Kazefudder bedénge kënnt, soll op d’Fiddere vu Kazen dobaussen verzicht ginn.

 

De Kéisécker – e verfroossene Gurmang
De Kéisécker ass e wëllt Déier, dat un d’Liewen an der Natur ugepasst ass, a weess wéi e säin eegent Fudder fënnt. Kritt hien elo eng Schossel mat Fudder vum Mënsch dohinner gestallt, dann hëlt hien dat awer och gären un. Mir mengen dann, dass hien auserhéngert, an op dat Fudder ugewise wier. Dobäi hu mer et einfach mat engem ganz bequeme Gurmang ze dinn, deen sech déi Extra-Moolzecht net entgoe léisst!

Mangelernierung duerch falscht Fudder
Dat wat mir engem Kéisécker als Fudder dohinner stellen (Kazefudder o.ä.), ersetzt ni dat wat hien sech am Gaart an an der Gewan selwer zesumme géif sichen: virun allem Insekten, Reewierm, Schleeken…Besonnesch wann d’Däreldéier reegelméisseg oder mat falsche Saache gefiddert gëtt, kann dat zu Mangelernierung féieren an esou och zu gesondheetleche Schied. Dacks gëtt de Feeler gemaach den Déiere Mëllech dohinner ze stellen. Igelen sinn awer laktoseintolerant a kënnen heivunner richteg krank ginn!

Verléiere vum Juegdverhalen
Zumools wann jonk Déieren vun Ufank u gefiddert ginn, da kann et sinn datt si ni léieren eegestänneg op d’Sich no     Fudder ze goen. Duerch reegelméissegt Fidderen mécht een déi Déieren also komplett ofhängeg vu sech, an da sinn si opgeschmass wann se net méi vum Mënsch gefiddert ginn.

Ënnerbannen vum Wanterschlof
E reegelméissegt Fidderen kann sech negativ op de Joereszyklus vum Kéisécker auswierken. Am Hierscht, wann déi natierlech Fuddersourcen lues a lues manner ginn, da mécht de Kéisécker sech simultan prett fir de Wanterschlof – eng natierlech Upassung vun der Déierewelt fir dës kal Zäit ouni Fudder ze iwwerbrécken. Wann hien allerdéngs ëmmer reegelméisseg gefiddert gëtt, da gëtt dëse Reflex ënnerbonnen. Et kann da sinn datt hien guer net an de Wanterschlof geet an nees ofhängeg vum Mënsch gëtt. Fidderen ass also leider dacks falsch verstanen Déiereléift.

 Bei Dréchent keen Fudder, ma Waasser bereetstellen
De Kéisécker frësst virun allem Insekten. Déi profitéieren vun dréchene, waarme Wiederconditiounen, sou datt zu esou Zäiten usech genuch Nahrung fir d’Däreldéier do ass. Hien muss ënner Ëmstänn just e bësse méi Opwand bedreiwen fir un et ze kommen. An dëser Zäit huelen d’Wierm an d’Schleeken e méi klengen Deel um Menü an, déi sënn dann nees drun wann et méi fiicht gëtt. Wann et esou laang dréchen ass, wéi elo déi lescht Méint bei eis, dann ass et par Conter méi wichteg eng Schossel mat Waasser op eng geschützte Plaz ze stellen. Heimadder ass dem Kéisécker gehollef!

Fiddere just an Ausnamesituatiounen
D’Fiddere vum Kéisécker bitt sech just a verschiddenen Ausnam-Situatiounen. Déi éischt wier wann e Kéisécker matzen am Wanter, wann de Buedem nach gefruer ass oder Schnéi läit, ze fréi aus dem Wanterschlof erwächt ass. D’Fidderung mat Béchse-Kazefudder soll awer ophalen soubal et nees méi waarm gëtt an de Buedem net méi gefruer ass. Déi zweet Ausnamesituatioun bitt sech wann e jonken Kéisécker vu Mëtt Oktober un nach net schwéier genuch ass fir de Wanter z’iwwerstoen (Gewiicht ënnert 500-600 g) a soss awer gesond ass. Hei soll awer just gefiddert ginn wann et scho richteg kal dobaussen ass a keng Fudderdéieren vum Kéisécker méi ënnerwee sinn. Sënn d’Temperaturen nach mëll, da soll een de Kéisécker gewäerde loossen. A béide Fäll kann d’Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Diddeleng kontaktéiert ginn, si kënnen eng professionell Berodung ubidden. Si sollt op alle Fall kontaktéiert ginn wann een et mat engem offensichtlech kranke Kéisécker ze dinn huet (Verletzungen, en hippt, ass ofgemoert, e rullt sech net méi an, …)!

Fudderplaze korrekt amenagéieren
Wann d’Fudderplaz explizit fir d’Däreldéier ugeluecht gouf, well eng vun den zwou Ausnamesituatiounen agetraff ass, da soll se sou ageriicht ginn, datt gréisser Déieren wéi Kazen a Fiiss net un d’Fudder kommen. Hei hëlleft et schonn d’Fudder ënnert eng ëmgedréinte Këscht ze stellen, an déi e klengt Lach vun 10×10 cm als Agang fir de Kéisécker dra geschnidde gouf. D’Fudder soll ëmmer just kuerz dra stoen, Reschter solle reegelméisseg ewech geholl an d’Këscht reegelméisseg geréckelt ginn. Dëst vermeit d’Iwwerdroe vu Krankheeten, falls méi Exemplarer dohinner friesse kommen.
Wann Fudderplazen, déi u sech fir Hausdéieren ugeluecht sinn, vum Kéisécker “mëssbraucht” ginn, sollen se onbedéngt esou ugeluecht ginn, datt se net vun him erreechbar sinn!

Naturnoe Gaart als eenzeg richteg nohalteg Hëllef fir de Kéisécker
Wann een dem Kéisécker richteg hëllefe wëll, dann ass et besser säi Liewensraum ze erhalen. Dat heescht konkret, datt ee säi Gaart esou uleet, datt de Kéisécker selwer genuch a villfälteg ze friesse fënnt. Sou gëtt en net ofhängeg vum Mënsch, e verléiert seng Instinkter net an sicht sech säi Fudder och esou raus wéi et fir hien gesond ass.
Eenheemesch Hecken a Straich, e méi wëllen Eck wou nach méi aalt Gras steet, a Koup Äscht a Blieder…

An eiser Rubrik Tipps fir de Gaart fannt Dir vill Ureegungen, wéi Dir äre Gaart naturno amenagéiere kënnt! 
Dat Bescht ass, datt vun engem naturnoe Gaart nieft deem pickege Gesell nach ganz vill aner Déiere profitéieren kënnen!