Nachhaltige Entwicklung
  • Print Friendly


Merci fir Är Fotoen – Ee Paradäis fir Päiperleke, Beien an aner Insekten!

Am Juni hate mir Iech gefrot, eis Fotoe vun ärer Blummewiss ze schécken, fir dës zur Inspiratioun mat anere Leit ze deelen.

Mir kruten eng ganz villfälteg Auswahl u Fotoen aus äre Gäert / Balcon / Dierfer geschéckt. Dëst Weist, datt et net déi eng Léisung fir jidderee gëtt. Ma datt et vill Méiglechkeete ginn een insektefrëndleche Gaart / Balcon / Stroosseraum unzeleeën, den gläichzäiteg och op d’Besoine an d’Virstellunge vun den Awunner:innen aginn.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

An dësem Gaart fannen d’Beien an d’Päiperleken ee Mier u giele Bléien. Awer och am Schied vum Bam wiisst eng Villfalt u faarwege Kräider.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Op dësem Balcon léist et sech och am Summer gutt aushalen.

 

 

 

Ee Gaart mat ville Strukturelementer (Gehëlz, Steeköip, Staudebeeter, Blummeninselen, etc…) bitt net just de Mënschen déi hei liewen, ma och den aneren Déieren a Planzen een interessant Ëmfeld a fërdert d’Aartevillfalt.

 

Vu Waasserplaze profitéieren net just Waasser-Déieren a Planzen. Och Vullen, kleng Mamendéieren a Land-Insekte kommen heihinner drénken.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Dës Bamscheiw zu Nomern gouf virun e puer Joer mat Wëllblummesom ageséit.

D’Planzegesellschaft, déi sech hei ugesidelt huet ass net statesch, ma verännert sech iwwert d’Joren.

Am Siidlungsraum sinn d’Planze besonnesch ville Stressfaktoren ausgesat: Hëtzt, Dréchend, Salz, Urin/Kot vun Hënn an aner Verschmotzungen ,…

Punktuellen Entretien muss och hei assuréiert ginn.

 

Och bei de Bamscheiwe virum Oekozenter – déi mir 2021 mat Wëllblumesom ageséit hunn – hu mir Enn Juni (ier Reen gemellt war) déi ëmgefallen an dier Stängelen zu engem Deel erausgeholl. Hei hu mir awer opgepasst, genuch Vegetatioun stoenzeloossen, fir datt de Buedem bedeckt bleift an net nach méi schnell ënnert der Sonn ausdrëschend.

Ma wann et iwwert e puer Wochen oder Méint net, oder just wéineg reent, muss een sech och domadder offannen, datt d’Vegetatioun net méi gréng, mee giel/brong ass.

 

Och Dir loosst (zumindest een Deel vun) Är(er) Wiss stoen an erfreet Iech un de faarwege Bléien an dorunner, datt Dir ee Liewensraum an eng Nahrungsquell fir d’Insekten – an esou och fir d’Vigel an aner Déieren – erhaalt? Är Gemeng léist Bléisträifen/Blummewisen oder Inselen laanscht Weeër a Stroossen an/oder am Park stoen?

 

Weider Informatiounen zu engem naturnoe Gaart fannt Dir op www.naturelo.meco.lu/tipps/gaerten/

 

 

 

19.07.2023