• Print Friendly


Renaturéierung vun der Mamer an der Uelzecht – et geet virun, ma mat klënge Schrëtt

 

Ënn Abrëll hat de Mouvement Ecologique a seng Regionalen, Miersch & Ëmgéigend an Uelzechtdall op d’Virstellung vun dem Renaturéierungsprojet vun der Mamer an der Uelzecht an déi al Schoul op Biereng agelueden.

 

Direkt 3 Vertrieder vum Waasserwirtschaftsamt hunn d’Projeten ob eng eng ureegend a gutt verständlech Aart a Weis virgestallt.

 

Kloer ass, datt dës Renaturéierung aus der Siicht vum Schutz vun der Natur an den Déierenaarten grad wéi dem Heichwaasserschutz e ganz wichtege Roll hunn. Interessant war, vun de verantwortleche Beamt:innen duergeluecht ze kréien, wéi komplex d’Planung fir esou eng Renaturéierung ass. Ma vill Leit am Sall haten awer och wuel Androck, datt et méi seier misst viru goe bei esou wichtege Projeten an eng Kéier misst seriö diskutéiert ginn, wat misst geännert ginn, datt dat och méiglech ass (méi Gelder? méi Leit? ggf. och méi konsequent virgoe bei der Ëmsetzung?….)

 

Wëllt Dir wëssen wéi d’Projete genau ausgesinn? Wat de Stand vun den Entwécklungen ass a wat se bréngen?

 

Da ginn d’Folie vum Waasserwirtschaftsamt iech en Abléck. Dir fannt se an den Downloads hei.

 

 

27.05.2024