Bauen und Wohnen
  • Print Friendly


Reaktioun Mouvement Ecologique op Aussoe vum Schëffen Serge Wilmes zum Bauprojet Villeroy & Boch

Am Dossier vum Bauprojet Villeroy & Boch hunn d’Stad Lëtzebuerg an de Mouvement Ecologique sécherlech ënnerschiddlech Vue’en, wéi Véierelen a nei Siidlungen vu muer sollen ausgesinn. Grad an dësen Zäiten soll een awer, esou de Mouvement Ecologique, kee Mëssbrauch vum Ausdrock „fake news” maachen. Verschidde Virstellunge vun der Stadentwécklung sollen offen, lieweg a kontradiktoresch diskutéiert ginn. Grad dës Debattekultur ass méi néideg wéi jee, gehéieren zur Demokratie, et soll een déi net diskreditéieren duerch falsch Ausdréck.

Dobäi géingen d’Fakten awer eng kloer Sprooch schwätzen:

Am Dossier deen am Kader vun der ëffentlecher Prozedur auslouch, geet net Riets vun engem Lift. Scho bal am Géigendeel : do geet ugefouert, datt eng Mobilitéitsétude erstallt gi war, ma et gëtt explizitt gesot, datt do just den Autosverkéier ënnersicht ginn ass. De Lift gëtt, wéi gesot, net ernimmt. Wann elo awer d’Stad Lëtzebuerg seet, si géif un esou engem Projet schaffen, esou begréisst de Mouvement Ecologique dat ausdrécklech, och wann et sécherlech vu Virdeel gewiescht wär, dës Fro schonn an deem virleiende Bauprojet unzegoen, un deem zënter Jore geschafft gëtt.

Sief awer ervirgehuewen, datt de Bauprojet Villeroy & Boch grondsätzlech am Mobilitéitsberäich gravéierend Defiziter huet. Esou gëtt de Vëlosverkéier an de Foussgänger am Projet wéi en elo definitiv virgestallt gouf, méi schlecht behandelt, wéi et bei der Erstellung vum Bebauungsplang virgesi war.

Wat di weider Kritik vun dem Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg un den Aussoe vum Mouvement Ecologique betreffend de Logement betrëfft, esou ass Folgendes ze soen: am offiziellen Dossier deen auslouch, gëtt ganz kloer vun 10% erschwénglechem Wunnéngsbau geschwat. Net vu 15% an och net datt d’Stad Lëtzebuerg wéilt 40% erschwéngleche Wunnraum zur Verfügung stellen. Kee Wuert gëtt zu dësem wichtegen Aspekt am Dossier verluer. Et sief an de Raum gestallt, ob dat nach ëmmer geplangt war oder net (firwat gouf et net ernimmt?), ma de Mouvement Ecologique wäert et als positiv Entwécklung, wann dat elo de Fall sollt sinn. Besonnesch positiv wär, wann effektiv een Deel vun dem Siidlungsprojet och nach fir kooperativ Wunnforme géif zur Verfügung gestallt ginn.

Fakt ass iwwregens och, datt am Kader vun der Erstellung vun dem PAG 2 ëffentlech Plaze festgehale goufen, elo awer just nach 1. Dat wëll eng net verëffentlecht „étude de marché“ erwisen hätt, datt dat besser wär… Dont acte! An et ass och manner Gréngs geplangt…

Den Dossier vum Bauprojet Villeroy & Boch weist awer, wéi wichteg et wär, datt e Leitbild erstallt gëtt, wéi sech d’Stad entwéckele soll, wat d’Prioritéite fir d’Entwécklung vun de Véierelen a neie Siidlunge soll sinn: Wéi vill Gréngs? Wéi e Stellewäert fir ëffentlech Plazen? Wéi eng sozial Duerschmëschung, wéi eng Aktivitéiten? Wéi eng Prioritéit fir d’mobilité douce? Wéi e neie Véierel mat bestoende Véierele verbannen? Well all dës Froen, an dat huet eis Covid-Pandemie geléiert a weist awer och d’Klimakris an aller Däitlechkeet op, sinn haut méi wichteg wéi jee.

D’Kontrovers weist awer och, datt endlech eng richteg Bedeelegung vun de Leit muss sinn béi esou prägende Projeten. D’Kreativitéit an d’Virstellunge vu ville Leit erméiglechen eng Zukunftsgestaltung am Interessi vun allen. Ma nach wär et net ze spéit, dat elo nozehuelen.

Ob alle Fall wéist d’Kontrovers wéi gesot op, wéi wichteg d’Diskussioun ëm d’Gestaltung vun eise Stied an Uertschaften ass.

 

 

21.02.22