Ofschlossiesse vum Joer mat originellem Concert vum Serge Tonnar a Georges Urwald

Mëttwoch, de 17. Dezember 2025 um 19.00 Auer
am Kulturraum vum Restaurant „Wëllebau“
2, rue du Marché zu Mamer

 

Wéi gewinnt: et gëtt eppes Leckeres ze iessen an derbäi nach e gudde Concert. Et soll dann awer och genuch Zäit fir zesummen ze schnësse bleiwen, well grad dëst Joer ass jo genuch geschitt. No dem gelongenen Optrëtt vum läschte Joer vum Kabarettist Roland Gelhausen, wäerten dëst Joer de Serge Tonnar an de Georges Urwald hier Interpretatioun vun dem Putty Stein senge Lidder ginn, déi ganz vill Luef kritt.

De Poutty Stein (1888-1955) ass als Papp vum kabarettistesche Chanson zu Lëtzebuerg wuel bekannt. Den Duo Tonnar-Urwald presentéiere fir dem Poutty Stein säi 70. Doudesjoer eng Auswiel vu Lidder op eng nei Manéier, op verschiddenen Instrumenter ewéi Gittaren, Fender Rhodes, Hammond-Uergel, Piano, E-Bass a Perkussioun.

Fir d’éischt gëtt et Apero, dann iesse mäer zesummen an da geet et lass mam Concert. Et wäerte Planchetten mat Ham, Kéis asw ginn an awer och natierlech genuch fir d’Vegetarier:innen! Ofgeronnt gëtt den Owend bei engem Dessert – a natierlech engem relaxen Zesummesinn.

 

De Präis ass 50.- € (Iesse mat Concert).

D’Plaze si begrenzt. Mëllt Iech duefir w.e.g direkt un: meco@oeko.lu